> Passagéiere verhënneren d'Entféierung vun hirem Fliger
Mercredi, 01 Juin 2011 00:00

Passagéiere verhënneren d'Entféierung vun hirem Fliger

En türkesche Passagéier huet kuerz virun der Landung gedrot, d'Maschinn a seng Gewalt ze bréngen, sou d'Noriichtenagence Anadolu an de Sender CNN-Türk. Deemno ass de Verdächtegen a Richtung vum Cockpit vun der Boeing 737-800 gaangen an huet annoncéiert, datt hien eng Bomm bei sech droe géif an huet de Retour op Oslo verlaangt.

Doropshinn hätten d'Passagéieren den 40-järege Mann iwwerwältegt an 'neutraliséiert', huet

CNN-Türk bericht. De Fliger wier dann sécher op dem Atatürk Fluchhafen zu Istanbul gelant. No enger Duerchsichung huet d'Police awer keng Spréngsätz fonnt. Wéi et schéngt leid de Verdächtegen ënner psychologesche Problemer.

Een vun de Passagéier, de Salim Tahar, huet zum norwegesche Fernsehsender TV2 Nyhetskanalen gesot, hien hätt de Mann ongeféier 50 Minutte virun der Landung bemierkt, well hien am hënneschten Deel vum Fliger gejaut huet. Hien hat eng Mask viru sengem Mond an huet eng Mutz an däischter Kleedung gedroen. 'Hien huet wéi en Terrorist ausgesinn', sot den Tahar. Um Kierper vum Mann wier e Géigestand befestegt gewiescht, deen eng Bomm oder eng Waff hätt kënne sinn. 'Verschidde Passagéier hu sech bekräizegt, aner hunn ugefangen ze bieden. D'Leit waren immens nervös', sot den Tahar.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top