> De Blatter äussert sech géint 'Näid' op FIFA
Mercredi, 01 Juin 2011 00:00

De Blatter äussert sech géint 'Näid' op FIFA

De Blatter huet sech géigeniwwer dem Asiatesche Foussball Confederatiounskongress géint de 'Näid an Eifersucht' op de Succès vun der FIFA geäussert an huet d'Korruptiounsbeschëllegungen géint d'FIFA ofgestridden. D'FIFA gouf vill kritiséiert, well di 2018 Weltmeeschterschaft u Russland gaangen ass an dee vun 2022 u Qatar. De Wahlsystem vun der Organisatioun gëtt accuséiert, d'Geheimhaltung ze vereinfachen.

De 74-järege

Blatter widdersetzt sech de Récktrëttsfuerderungen a well sech an deenen nächste Wahlen am Mee erëm als Kandidat stellen. D'Succèsen vun der FIFA - dorënner di éischt Weltmeeschterschaft an Afrika, di U-17 Weltmeeschterschaft fir Fraen mat deenen éischten asiatesche Championen, an de Plang op nei Destinatiounen am Joer 2018 an 2022 ze goen - hätte 'vill Näid an Eifersucht an der Welt kreéiert well et kann een net jiddwereen befriddegen', sou de President. D'FIFA wier räich a staark genuch fir all Attack entgéint ze kommen.

Dëst Joer si bedeitend Wahlen an den Haaptfederatioune, dorënner natierlech och an der FIFA, geplangt. 'De Foussball ass nach ëmmer e Spill an et muss ee léieren, ze gewannen, mä och ze verléieren, also froen ech iech en an enger demokratescher Art a Weis auszeféieren', warnt de Blatter.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top