> Starbucks ännert de Logo
Mercredi, 01 Juin 2011 00:00

Starbucks ännert de Logo

D'Starbucks Firma mengt d'Mark wier weltwäit esou bekannt, datt se ouni Schrëft am Logo auskënnt – wéi Apple oder Adidas. Zum 40-järege Jubiläum vun der Firma bleift just nach d'Bild vun enger stiliséierter Mierjongfra déi an Zukunft a wäiss an engem grénge Krees ze gesinn gëtt.

'Mir hunn d'Mierjongfra aus hirem Rank befräit. Dëst gëtt eis Fräiheet a Flexibilitéit, och iwwer de Kaffi eraus ze

denken' sot de Starbucks-Chef Howard Schultz bei der Presentatioun vum neie Logo. De vereinfachte Logo soll och op Kommunikatiounsforme wéi Facebook oder Twitter méi einfach ofzebilde sinn. E géif och besser an d'Zukunft passen, sou de Schultz. D'Mierjongfra geet op d'Duerstellung vun enger Sireen aus der griichescher Mythologie zeréck.

An de Starbucks-Caféen gëtt et mëttlerweil och Téi a Fruuchtgedrénks, Liewenmëttel a Musek. Ausserdeem gi Starbucks-Produkter och a verschiddene Supermarchéë verkaf. D'Entreprise huet ronn 16.000 Filialen a méi wéi 50 Länner. Zu Lëtzebuerg gëtt et awer nach keen.

Fotoen © Starbucks

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top