Di ongewéinlech bekleet Passagéieren ware Participante an der zéngter Ausgab vun der 'No Pants Subway Ride', eng humoristesch Aktioun déi anzwëschen a ronn 50 Stied a 24 Länner stattfënnt. Wat fréier fir Erstaunen an Empörung gesuergt hätt, huet bei deene meeschte Passagéiere just e Lächelen ervirgeruff.
'Et ass net illegal, an d'Police ass do fir Iech ze beschützen. Zitt awer net är Ënnerwäsch aus!'
huet den Organisateur per Lautsprecher déi 300 Participanten ermahnt, déi sech an de Minustemperaturen am Süde vu Manhattan versammelt haten.
Ier de Grupp de Subway verlooss huet kruten d'Leit nach erënnert, hir Kleeder an de Rucksak ze stiechen well der vill hir Juppen oder Boxen an de Statioune vergiess hunn a gezwonge waren, an der Ënnerwäsch Heem ze goen.
D'Aktioun, déi vun der Grupp 'Improv Everywhere' organiséiert gëtt, huet 2002 zu New York mat nëmme siwe Memberen ugefangen. Zënterhier huet se sech op Washington, Los Angeles a Chicago souwéi dosende weider Stied ausgedehnt.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352