Zéngdausende vu Leit hunn an enger Manifestatioun vun de Rouden Hiemer géint d'Regierung zu Bangkok beim 'Monument vun der Demokratie' partizipéiert.
Am grousse ganze war de Protest friddlech verlaf ausser e Virfall wou Manifestante Plastiksfläschen op d'Police geheit hunn. D'Police ass hinnen aus dem Wee gaangen fir e gréissere Konflikt ze vermeiden.
De Jatuporn Prompan, e Leader vun de Rouden Hiemer, huet 'frequent a symbolesch Versammlungen' zweemol am Mount versprach – an dëst am
Verglach zu de gewalttätegen Affrontementer vum Mäerz-Mee déi zu 90 Doudesfäll an 1.400 Blesséierter geféiert hunn.
Di Rout Hiemer, dorënner vill Supporter vum fréiere Premier Thaksin Shinawatra, verlaangen nei demokratesch Wahlen an de Récktrëtt vum aktuelle Premier Abhisit Vejjajiva. Si verlaangen och, datt d'Regierung d'Leaderen, déi lescht Joer verhaft goufen a wéinst Terrorismus beschëllegt ginn, befreit.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352