> Mindestens 77 Doudeger bei Iran Air Fligeraccident
Vendredi, 01 Octobre 2010 00:00

Mindestens 77 Doudeger bei Iran Air Fligeraccident

Beim Accident sinn op mannst 77 vun den 105 Leit u Bord gestuerwen, sou d'Staatsmedien. De Fliger ass a schlechte Wiederconditiounen erofgefall an a Stécker auserneegebrach.

Dem Pilot no huet hie Kontakt mam Fluchhafen verluer, ier de Fliger vum Radar verschwonnen ass. De staatlechen Televisiounssender huet Biller vum Accident gewisen. De Fliger war an dräi Stécker gebrach, déi am Schnéi vergruewe waren. D'Rettungsaktioun wier och duerch den déiwe Schnéi verhënnert ginn.

Di

genau Ëmstänn vum Virfall sinn nach onkloer.

Foto - IRNA

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top