> 'Transforméierte' Ribery versprécht e bessert Joer
Vendredi, 01 Octobre 2010 00:00

'Transforméierte' Ribery versprécht e bessert Joer

An engem Interview mat der Sportszeitung Kicker huet de 27-järege Mëttelfeldspiller gesot hie wier 'immens frou' datt hien en desastréist Joer hannert sech huet. 'Et war en immens haart Joer mat ville Schwieregkeeten. Mä et fänkt en Neit un' huet de Ribery am Trainingslager zu Qatar gesot, 'Ech wäert net déi selwecht Feeler maachen, déi ech 2010 gemaach hunn. Ech hu vill dobäigeléiert a verschidde Saache verännert'.

Wéinst

de Blessure war de Ribery jo guer net an Topform. Frankräich huet dobäi keen eenzege Match gewonnen. E Streik vun de franséische Spiller huet weider fir e Skandal gesuergt. De Ribery huet sech mam Coach Louis van Gaal zerstridden, wou de Spiller fir säi Mangel un Effort vun him schaarf kritiséiert gouf.

Ausserhalb vum Foussball war de Ribery an engem Sex-Skandal verwéckelt. Hie gouf beschëllegt, Sex mat engem mannerjärege Call-Girl sollicitéiert ze hunn.

Mam lëtzebuergeschen Ex-Beroder Bruno Heiderscheid hat hien och Sträit kritt. Den Heiderscheid hat déi onbezuelten Provisiounen vu sengem Aarbechtskontrakt an enger Héicht vun insgesamt 2,6 Milliounen Euro gefuerdert an huet de Star op engem Lëtzebuerger Geriicht ugeklot.

All dat wier elo Vergaangenheet, sou de Star. 'Ech hu mech verännert. Ech si méi erwuesse ginn an hunn elo aner Prioritéiten...De richtege Ribery ass gläich erëm do'. Hien huet seng Problemer mam van Gaal geléist an huet wëlles e Champions League Triumph mat Bayern München an e grousse Gewënn mat Les Bleus z'erreechen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top