Fir Privatcliente fällt de Präis vun 1,9 Cent pro Kilowattstonn op 1,22 Cent. Dëst gouf um Méindegmueren vum Wirtschaftsministere matgedeelt.
Am Kloertext bedeit dat eng Remise vun ca. 27 Euro pro Joer bei engem Duerchschnëttshaushalt deen eng 4.000 Kilowattstonne verbraucht.
De Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt d'Entwécklung vun erneierbaren Energien a mat all verbrauchte Kilowattstonn bezilt de Client dofir an e Fong eran. D'Fournisseure verrechnen
dëse 'grénge Beitrag' automatesch mam Elektrizitéitspräis.
De Beitrag geet deemno während dem Joer ëm e gudden Drëttel erof. Cliente mussen awer e bësse Gedold hunn, well d'Rechnung d'Remise net direkt weise wäert. D'Verbraucher gesinn eréischt nom Ofliesen vum Zieler op der Ofschlussrechnung de Präisënnerscheed. Dëst hänkt mam Festpräis zesummen, deen all Client bezilt, ier dann d'Joresofschlussrechnung kënnt.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352