Ob de Récktrëtt eppes mat der WikiLeaks-Affaire ze dinn huet, huet News352.lu gefrot. An den Dokumenter huet d'Cynthia Stroum d'Lëtzebuerger Regierung kritiséiert wou se mat der Opnam vun engem Guantanamo-Häftling gezögert huet. Dëst huet d'Ambassade-Spriecherin Kareen Thorpe awer ofgestridden. WikiLeaks hätt keen Afloss op d'Entscheedung vum Cynthia Stroum gehat.
Den Ausseminister Jean Asselborn huet sech och dozou geäussert a wënscht der Madame Stroum alles Guddes an Erfolleg an hire zukünftege Projeten.
Foto: © Steve Eastwood / Archive
Envoyer cet article par emailAuthors: news352