> Nächst Indextranche am Oktober 2011
Jeudi, 11 Février 2010 00:00

Nächst Indextranche am Oktober 2011

D'Patronë si mat enger Indextranche averstanen, allerdéngs fréistens am Oktober 2011. Eng Eenegung ass et och zum Thema Mindestloun ginn. Um 1. Januar 2011 gëtt et eng Erhéijung vum Mindestloun vun 1,9 Prozent.

Dëst gouf vun der Regéierung a vum Aarbechtsbond UEL am Kader vun enger weiderer Bipartite um Weekend festgeluecht.

No der léschter Erhéijung am März 2009 läit de Mindestloun zu Lëtzebuerg bei 1.724,81 € brut (virdun 1.682 €) pro Mount. Qualifizéiert Aarbechter mussen

op mannst 2.069,77 € brut (virdrun 2.019,31 €) pro Mount erhaalen.

An der Reunioun gouf och erëm iwwer den Index diskutéiert. Di nächst Indextranche soll, wéi et scho virun engem Mount gesoot gouf, fréistens am Oktober 2011 geschéien.

No der Bipartite tëscht der Regéierung an de Gewerkschaftsbonner hu sech d'Patrone geweigert, der Erhéijung vum Mindestloun zouzestëmmen.

Wann d'Indextranche tëscht Oktober an Dezember 2011 stattfënnt, wëll Lëtzebuerg d'Employéën entschiedegen.

Et geet och drëm, administrativ Obstakelen ze reduzéieren, fir d'Kompetitivitéit vun de Lëtzebuerger Betriiber z'erhéijen.

Bipartite-Gespréicher soll et an Zukunft nemméi ginn. D'Regéierung an d'UEL hunn entscheed, zesumme mat de Gewerkschaften et erëm mat enger Tripartite ze versichen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top