Dimanche 29 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 11 Mars 2010 00:00

Anti-Terror Dokumenter vun Tokyo Police zu Lëtzebuerg Online gesat

Enquêteuren hunn confirméiert, datt d'Informatiounen duerch e Server zu Lëtzebuerg op den Internet gesat goufen.

E Virus am System vun der japanescher Police ass auszeschléissen, wat suggeréiert, datt den Täter d'Dokumenter express verëffentlecht huet.

D'Experten hunn d'Dokumenter um File-Sharing Programm Winny fonnt, deen erméiglecht Informatiounen tëscht Internet-Benotzer ze verdeelen. Di japanesch Police versicht elo déi Plaz ze retracéieren, wou d'Daten eropgeluede goufen.

Et sinn

insgesamt 114 Dokumenter um Internet diffuséiert ginn. Si enthale perséinlech Informatiounen iwwer Leit, déi mat der Police an hiren Enquête géint den Terrorismus partizipéieren, mä awer och iwwer Persounen déi verdächtegt ginn, an terroristeschen Aktivitéite mat verwéckelt ze sinn.

108 vun den Dokumenter sinn am PDF Format, mä d'Informatiounen iwwert d'Zäit an den Datum vun hirer Kreatioun gouf vum Täter effacéiert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn