> Birma: Dräi Doudeger bei Kämpfen tëscht der Arméi a Rebellen
Mercredi, 11 Août 2010 00:00

Birma: Dräi Doudeger bei Kämpfen tëscht der Arméi a Rebellen

D'Rebellen vun der Nationaler Unioun vun de Karen (KNU) kämpfe scho säit Jorzéngte géint d'Regierung.

Dobäi si mindestens dräi Zivilisten ëm d'Liewe komm, seet ee Regierungsvertrieder. Beim Ugrëff vun de Rebellen op d'Stad Myawaddy, nobäi der thailännescher Grenz, sinn op mannst 11 Leit blesséiert ginn.

Generalsekretärin vun der KNU, Zipporah Sein, huet bestätegt, datt et zu Konflikter tëscht der KNU an der Arméi komm ass. E Vertrieder vun der thailännescher Arméi huet

bericht, datt Rakéiten di thailännesch Stad Mae Sot getraff hunn. Dobäi si 5 Mënsche blesséiert ginn.

Ënner strenge Sécherheetsmoossnamen, an ofgeschloss vun der Welt, huet d'Militärregierung vu Birma um Sonndeg di éischte Kéier säit 20 Joer erëm Parlamentswahle gehalen. Dobäi huet d'Junta d'Oppositioun massiv behënnert.

Et ass onkloer, wéini d'Resultater vun der Wal annoncéiert ginn. Et si weder Wahlbeobachter nach Journalisten aus dem Ausland am Land zougelooss ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top