> Nei Etude: Lëtzebuergesch ass d'Sprooch vun der Integratioun
Mercredi, 11 Août 2010 00:00

Nei Etude: Lëtzebuergesch ass d'Sprooch vun der Integratioun

Dobäi gëtt Franséisch am meeschte gebraucht an ass haaptsächlech als Ëmgangssprooch bekannt.

Di nei Etude 'Les compétences linguistiques auto-attribuées', an där 1.610 Erwuessener matgemaach hunn, mécht den Ënnerscheed tëscht 5 Sproochekategorien. D'Participanten hunn hir eege Sproochkenntnisser bewäert.
 
De gréisste Grupp 'lëtzebuergesch Dräisproochegkeet', mat 54 Prozent besteet aus 'typesche Lëtzebuerger'. 15 Prozent hunn zu der Kategorie ' ëtzebuergesch

Dräisproochegkeet mat Schwieregkeeten am Franséischen' gehéiert. D'Participante hu keng Problemer mat der däitscher Sproch, kaum Problemer mam geschwate Lëtzebuergesch, mä dofir e puer Schwieregkeeten am Franséischen.

De Grupp 'franséisch Eenzegsprochegkeet mat Kompetenzen an der Lëtzebuerger Sproch souwéi am Däitschen' läit mat 14 Prozent direkt hannert dem zweete Grupp. Si bemeeschteren, no eegener Aschätzung, di franséisch Sproch, mä si hunn däitlech Problemer mat der lëtzebuergescher a mat der däitscher Sproch.

De Rescht vun de Participanten schwätzen entweder ausschliisslech Franséisch (9 Prozent, Grupp 4) oder keng vun den dräi offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg (8 Prozent, Grupp 5).

Nieft dem Alter gouf an de verschiddene Gruppen och no sozialen a berufflechen Aspekter gekuckt. Di meeschte Persounen am Grupp 1 si lëtzebuergesch Staatsbierger a meeschtens am Grand Duché gebuer. Domadder ass Lëtzebuergesch hir Mammesprooch. Si benotzen di dräi offiziell Landessproochen, fir sech mat der Famill, Kollegen, Mataarbechter, a Bekannten, ze verstännegen. Et handelt sech haaptsächlech ëm Rentner oder Chômeuren, oder Persounen mat enger Beruffsausbildung oder mat engem Lycéesofschloss.

D'Membere vun der zweeter Grupp si meeschtens Rentner oder Chômeuren. E Véierel vun dëse Persoune si méi al ewéi 64. De soziale Status läit eenegermoossen ënner dem vun der éischter Grupp. Dräi Véierel vun dëser Grupp si lëtzebuergesch Staatsbierger, an di Meeschte sinn zu Lëtzebuerg gebuer, mä Lëtzebuergesch ass net onbedéngt hir Mammesprooch. Zu dësem Grupp gehéiere bal all däitschsproocheg Awunner vum Grand Duché. Si sinn zum gréissten Deel während dem Zweete Weltkrich an d'Schoul gaangen a si wéinst der däitscher Besatzung net an de franséische Schoulsystem komm. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top