> MTV Europe Music Awards: D'Lady Gaga huet ofgeraumt
Mercredi, 11 Août 2010 00:00

MTV Europe Music Awards: D'Lady Gaga huet ofgeraumt

Di 24-järeg Kënschlerin huet Präisser fir bescht Kënschtlerin, bescht Pop-Musekerin, a beschte Song (fir 'Bad Romance'), gewonnen.

Dobäi huet d'Lady Gaga seng Konkurrentin Katy Perry, wien a 5 Kategorien nominéiert war, wäit hanne gelooss.

D'Katy Perry krut zesumme mam Rapper Snoop Dogg de Präis fir de beschte Video-Clip ('California Gurls'). De beschte männleche Kënschtler war de Justin Bieber. D'Entdeckung vum Joer 2010 ass d'Sängering Ke$ha. De Rapper Eminem krut de Präis fir beschten Hip Hop

Kënschtler, an d'US-Band Thirty Seconds to Mars fir de beschte Rock Kënschtler. Tokio Hotel gouf fir di beschte Bühneshow ausgezeechent.

D'US-Band Paramore, déi duerch de Soundtrack fir den éischten 'Twlight' Film bekannt ginn ass, gouf als di beschten Alternativ Band bezeechent. Den Éirepräis ass un d'Rocker vun Bon Jovi fir hir 25 Joer am Musek-Business gaangen.

D'Zeremonie, déi weltwäit iwwerdroe ginn ass, gouf vum 'Desperate Housewives' Star Eva Longoria presentéiert. D'Schauspillerin ass an 9 verschiddenen Outfits op d'Bühn komm. Den Organisateuren no ass d'Show vun 46 Millioune Fans gekuckt ginn.

D'MTV Europe Music Award ass vum Sender MTV 1994 als Géigeveranstaltung zu de Grammy-Verleihungen an den USA kreéiert ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top