> Manner Kriminalitéit duerch Videosurveillance?
Mercredi, 11 Août 2010 00:00

Manner Kriminalitéit duerch Videosurveillance?

De 'Freedom Not Fear' Grupp wollt de Message iwwerdroen, datt d'Videosurveillance als Sécherheetsmoossnam net efficace ass.

De Jerry Weyer, Member vun der Piratepartei, huet zu News352 gesot, datt den Argument géint Videosurveillance ëmmer méi wichteg gëtt, wann ee gesäit, datt d'Lëtzebuerger Regierung Länner ewéi Frankräich imitéiere wëll. De System géif awer net a Frankräich funktionéieren. Si hätte Problemer mam Terrorismus, mä et géif einfach kéng 100% Defense

géint verschidde Gefore ginn. D'Leit misste wëssen, datt et awer nach ëmmer ee Risiko wäert ginn, och mat Videosurveillance.

Eng Grupp vun iwwer 50 Demonstrante vun der Piratepartei, vun der Partei 'déi Gréng', vun der Chaos Computer Organisatioun, a vum Publikum, hu sech op der Place d'Armes versammelt.

Si hu géint de Plang vum Ministre de l'Intérieur Jean Marie-Halsdorf protestéiert. Am Projet  ass d'Aféierung vu méi Kamerae virgesinn.

Säit 2007 huet Lëtzebuerg 20 Kameraen an der Stad a beim Stade Josy Barthel installéiert. D'Police huet an engem Rapport hir Ënnerstëtzung fir d'Videosurveillance als Sécherheetsmoossnam betount.

D'Koalitioun mengt allerdéngs, datt et net genuch Evidenze gëtt, fir dëst d'Meenung z'ënnerstëtzen. Si verlaangen d'Ausféierung vun enger objektiver Etude.

Den Herr Weyer huet betount, datt wann et eng Preuve scientifique géif ginn, datt Videosurveillance d'Kriminalitéit reduzéiert, dann wiere se dofir.

D'Koalitioun huet anerersäits proposéiert, datt d'Suen an eng alternativ Sécherheetsmoossnam investéiert ginn, zum Beispill besser Stroossebeliichtung oder méi sozial Aktivitéiten op Platzen, wou d'Kriminalitéit méi héich ass.

D'Testphase vum Videosurveillance-Netzwierk soll Enn November fäerdeg sinn. Den Thema gëtt haut an der Chambre des Députés diskutéiert.

UPDATE: Et ass an der Chambre décidéiert ginn, d'Testphase vun der Videosurveillance em ee Joer ze verlängeren.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top