> Montée de Clausen: Camion bleift hänken
Lundi, 11 Octobre 2010 00:00

Montée de Clausen: Camion bleift hänken

De Camion ass ënnert enger stole Bréck bei der Montée de Clausen a Richtung Stad géint 2 Auer mëttes hänkebliwwen.

De Chauffeur huet awer probéiert weiderzekommen. Dobäi ass eng Barrière op der Bréck lassgaangen. 

CFL huet all Zich a Richtung Norden eng Stonn laang suspendéiert währenddeems Experten d'Sécherheet vun der Bréck iwwerpréift hunn.

CFL Spriecher Tom Jurcevic sot zu News352: 'Et handelt sech ëm eng zimlech déif Bréck. Mir

haten ee Moment gemengt, d'Struktur vun der Bréck wier beschiedegt. Dofir war d'Linn fir ongeféier eng Stonn temporär zougemaach ginn. Dëst ass net di éischt Kéier wou esou eppes geschitt ass, mä et kënnt awer och net oft vir'

Géint 3 Auer war d'Zuch-Zirkulatioun erëm normal.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top