> CNS Bezuelunge ginn an d'Luucht
Lundi, 11 Octobre 2010 00:00

CNS Bezuelunge ginn an d'Luucht

De Virstand vun der CNS huet fir d'Erhéijung vum Beitrag gestëmmt fir de Budget vun der Gesondheetskeess erëm a Gläichgewiicht ze bréngen.

Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo hat dëst Erhéijung am Kader vum Reformprojet schon ugekënnegt. Haut um Mëttwoch ass de Virschlag offiziell gemaach ginn.

Et gouf och fir d'Erhéijung vun der Eegebedeelegung, déi d'Patienten op verschidde medezinesch Déngschtleeschtunge erbrénge mussen, gestëmmt.

Am Joer 2010 gouf et zwar nach

en Iwwerschoss vun 61 Milliounen, déi awer just erreechbar waren, andeems op d'Reserven zeréckgegraff gouf. Fir dat nächst Joer huet sech de Comité vun der CNS op Moossnamen gëeegent, déi d'Kees dauerhaft ausgläiche sollen.

Fir 2011 gëtt en Iwwerschoss vun 75 Milliounen Euro geplangt.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top