> Akira Yasuoka vum Kamakura ass 'Chef vum Joer 2011'
Jeudi, 11 Novembre 2010 00:00

Akira Yasuoka vum Kamakura ass 'Chef vum Joer 2011'

De 49-järege Akira Yasuoka, Chefkach vum bekannte japanesche Restaurant 'Kamakura' am Gronn, ass vum Gastronomie-Guide Gault Millau zum 'Chef de l'Année' genannt ginn.

'E Japaner als Kach vum Joer – firwat net?'. Dëst gëtt am neie belgësch-lëtzebuergesche Gault-Millau fir 2011 geschriwwen.

Dem Guide no huet de Yasuoka e 'Kult vum Geschmaach' ageféiert a representéiert d'Lëtzebuerger Gastronomie-Szeen mat senger internationaler, ofwiesslungsräicher Kichen a mat der héijer Qualitéit

déi hien offréiert.

Virum japanesche Chef sinn d'Léa Linster, de René Mathieu an den Yves Radelet zum 'Chef de l'Année' benannt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top