> D'Regierung versprécht genuch Salz fir dëse Wanter
Samedi, 11 Décembre 2010 00:00

D'Regierung versprécht genuch Salz fir dëse Wanter

Am leschte Joer war bekanntlech en däitleche Mangel u Salz, wat zu Chaos an de Stroosse geféiert huet.

Fir d'Saison 2011/2012 huet d'Administration des Ponts et Chaussées eng zweet Hal zu Bartreng fir de Stockage vu Salz virgesinn. Dëse Site kann bis zu 3.500 Tonne Salz halen, wat genuch ass fir e Service op den Autobunne ze garantéieren.

An der Regioun Dikrech sinn weider 1.400 Tonnen fir d'Saison 2010/2011 ugeschaf ginn. En zentraliséierten Depot am Norden, mat enger Kapazitéit vu 4000 Tonnen, ass och geplangt.<br

/>
A wann d'Regierung hir Aarbecht mécht, dann mussen d'Awunner vum Grand Duché och matschaffen. D'Autoritéite vun der Stad erënneren all Awunner, datt se am Fall vu Glatäis oder Schnéifall obligéiert sinn, d'Trottoiren propper ze halen. Dat heescht, se vu Schnéi an Äis befreien. 

Am Fall wou ee keen Trottoir virum Haus huet, muss een e Band vun 1 Meter fräimaachen. Et ass och verbueden, an de Minustemperaturen, Waasser op Trottoiren an ëffentlech Weeër ze schëdden.

Fir den Haushalt wou all Persoun iwwer 65 Joer al ass, gëtt et e Service d'Hygiène (T.4796-3640) dee seng Zerwisser während dem ganze Wanter géint eng Zomm vu 50€ zur Verfügung stellt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top