> Haiti Cholera-Epidemie: UN mécht dréngenden Appel
Samedi, 11 Décembre 2010 00:00

Haiti Cholera-Epidemie: UN mécht dréngenden Appel

Knapp 3 Wochen no dem éischten Fall vun Cholera zu Haiti breet sech d’Krankheet weider aus. Bis elo si 724 Doudesfäll an 11.000 Krankheetsfäll gemellt ginn.

'Mir brauche d'Suen onbedéngt fir d'Epidemie ënner Kontroll ze kréien' huet d'Spriecherin vun den humanitären Affairen bei der UN, Elisabeth Byrs, während enger Pressekonferenz matgedeelt.

Der Regierung no hu sech 497 Doudesfäll, iwwer zwee Drëttel vun den Doudeger, an der nërdlecher Regioun vun Artibonite produzéiert, den Epizenter vum

Ausbroch.

Et ass awer déi iwwerbevëlkert Haaptstad Port-au-Prince déi den internationalen Organisatioune Suerge mécht. An der Stad sinn iwwer eng Milliounen Awunner, déi säit dem Äerdbiewen vum 12. Januar a precaire Konditioune liewen.   Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top