> 10 Verdächteger wéinst potentieller Terroristenattack an der Belsch gefaasst
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

10 Verdächteger wéinst potentieller Terroristenattack an der Belsch gefaasst

Wéi eng Spriecherin vun der Belscher Justizbehörde zu Bréissel matgedeelt huet, sinn d'Verhaftungen mam Kampf géint den islamisteschen Terrorismus mat agebonnen. D'Enquêten weisen op 'den internationalen Jihad-Terrorismus'.

Déi Verdächtegt, déi aus der Belsch, Holland, Marokko a Russland stamen, sollen an der Belsch Uschléi geplangt hunn. Den Angaben vun der Spriecherin no, hunn di meescht Verhaftungen zu Antwerpen stattfonnt.

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top