Authors: news352
>
De Scanner taascht d'Passagéier mat Millimeterwellen of a soll sou um Kierper oder an der Kleedung verstoppte Waffen a Sprengstoff entdecken. Verdächteg Géigestänn ginn dann op engem Bildschierm op engem stiliséierte Kierperëmress duergestallt.
Déi ëmstridde Maschinnen, déi elo schonn an den USA an e puer aneren europäesche Länner am Asaz sinn, sollen d'Kontrollen u Flughäfe méi séier a méi effektiv maachen. D'Prouf vun den zwee Scannere soll viraussiichtlech en halleft Joer daueren.
Authors: news352