Dës Informatioun verbreet sech wéi e Laffeier: de Bankesecteur zu Lëtzebuerg trëfft et am meeschten
Eng aktuell Étude huet d'Finanzplaz Lëtzebuerg op déi 20. Plaz verwisen, hanner Paräis. An och de lëtzebuerger Wirtschaftsminister Jeannot Krecké huet an der vergaangener Woch vun enger Finanzplaz geschwat, där et schlecht geet. E Message, deen och de Jean-Jacques Rommes, President vun der Association des Banques et Banquiers Luxembourg (ABBL), am Gespréich mat RTL confirméiert huet.
Hien
ass et dann och, dee beonrouegend Chifferen duerstellt. D'Bënëfisser vum Secteur sinn deels ëm 30 Prozent gefall, am Verglach zum Joer 2009. Schold sinn senger Meenung no, d'Gesamtdépensen, ma haaptsächlech awer d'Iddien an d'Regulatiounen um Marché à Risque vun de Politiker, déi domat och de Secteur, trotz schlechter Situatioun, zousätzlech immens ënner Drock setzen.
Fir de Jean-Jacque Rommes ginn et an dem Fall keng honnert Léisungen. De Staat muss säi Spuerprogramm onbedéngt duerchzezéien, fir ze verhënneren, dass d'Banken, déi elo schonn 1/3 vum Budget anhuelen, net nach zousätzlech bestrooft ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352