Authors: news352
>
D'Schauspillerin Gloria Stuart, déi fir hir Roll am Welterfolleg “Titanic” fir en Oscar nominéiert gi war, ass dout. Hir Famill huet matgedeelt, dass si e Sonnden an hirem Haus zu Los Angeles gestuerwen ass. Si war viru fënnef Joer u Longerkriibs erkrankt.
D'Gloria Stuart hat am James Cameron sengem Meeschterwierk d'Roll vun der Titianic-Iwwerliewenden Rose Calvert gespillt, déi sech am Film un hir Erliefnesser op der Croisière erënnert. D'Liebesgeschicht war vum Kate Winslet a Leonardo DiCaprio duergestallt ginn.