> London: Erneiert Studenteprotester
Mardi, 12 Janvier 2010 00:00

London: Erneiert Studenteprotester

Trotz Kält a Schnéi hunn alleng zu London 8000 Persounen matgemaach. De Protestmarsch huet sech opgeléist, wou en op eng Polizeikett gestouss ass. Doropshin huet sech d'Demonstratioun an e Katz-und-Maus Spill verwandelt, an deem d'Police d'Demonstranten versicht hunn anzefänken.

Een Deel vun den Demonstranten hunn déi wichteg Stroossen blockéiert, ier si sech bei Trafalgar Square erneiert versammelten. Owes ass et zu vereenzelten Zësummestéiss

mat der Police komm. 7 Persounen goufen zu London festgeholl.

Zu Bristol sinn 10 Persounen festgeholl ginn, wou eng gewalttäteg Ausaneesetzung tëscht den Demonstranten an der Police ausgebrach war. Weider Demonstratiounen hunn zu Edinburgh a Sheffield stattfonnt.

Eng Widderhuelung vun der Gewalt, déi di zwee lescht Protestdeeg bestëmmt hat, ass awer ausbliwwen. Um vergaange Mëttwoch hate Student en Police-Camion ugegraff, d'Fënsteren zerschloen an d'Graffiti drop gesprëtzt. Am éischte Protest hunn d'Demonstranten gewalttäteg déi Parteizentral vun de regierenden Tories gestiermt. 66 Persoune goufe festgeholl.

De konservative Premier David Cameron huet d'Pläng vun der Regierung verteidegt, d'Studiegebühren vun den Universitéiten an England an Wales ze verdoppelen, an a verschiddene Fäll souguer ze verdräifachen. Dëst gëtt gemaach, fir de Staatsdefizit ze reduzéieren. Demonstranten sinn awer carrément dogéint an kritiséieren d'Pläng als sozial onfair an onausgeglach.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top