Fir déi, déi Entspanung oder Sport an engem fonkelneie Kader sichen ass um Donneschdegmoien 2. Dezember déi nei Syrdall Schwemm opgaangen.
Nieft der 25-Meter Piscine gëtt et eng Badeanstalt an e Baseng fir Bëbeeën a kleng Kanner, souwéi e Fräizäitbaseng, wou Aquacoursen ugebuede ginn.
Dobäi kënnt esouguer een ganzjäregen Aussenbecken souwéi eng Waasserrutschbunn mat
Soundanlag.
De Saunaberäich ëmfaasst den Inneberäich mat enger finnescher Sauna, Dampfbad, Kalberäich, Bistro mat Kamäin an e Raum fir sech z'entspanen. Op der Saunaterrass gëtt et nieft enger Bio-Sauna nach eng finnesch Sauna.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352