> Auto Wanter-Tipps
Vendredi, 12 Février 2010 00:00

Auto Wanter-Tipps

De Wanter ass déi Zäit wou d'Stroossen an Äispiste verwandelt ginn. Vill schlëmm Accidenter geschéien, well de Chauffer net genuch Plaz tëscht sengem Auto an dem Vehikel virdrun gelooss huet. Also, Glatäis net ënnerschätzen an de Fuerstil un déi kal Temperaturen upassen.

Extra grousse Sécherheetsofstand halen a viru Kräizunge genau op déi Autoen virdrun oppassen, d.h. Net kuerz virun der Kräizung bremsen well et hei

normalerweis besonnesch glat ass.

D'Wanterpneuen sollen am Ufank vun der Saison montéiert ginn. Ab 7°C Temperatur sinn Wanterpneuen op alle Fall besser wéi Summerpneuen. Ënner 4mm Profil sollen d'Wanterpneuen ausgetosch ginn. De Loftdrock muss och regelméisseg kontrolléiert ginn. Dobäi gëllen déi nämlecht Wäerter wéi bei de Summerpneuen.

Um Virowend soll een d'Wiederkonditiounen fir den nächsten Dag nokucken. Wann Schnéifall ugesot ass, dann kann ee Stauen a Verspéidungen erwaarden an entspriechend méi fréi fortfueren oder den ëffentlechen Transport benotzen.

Virum fortfueren soll een och all d'Fënsterscheiwen vu Schnéi an Äis befreien. Ee Kucklach geet net duer. Wien net richteg aus dem Auto eraus gesäit kann schnell en Accident verursaachen.

De Motor eréischt starten, wenn ee fortfuere well, soss schued ee just der Ëmwelt an dëst kann zu Motorverschloss féieren. D'Heizung an d'Luucht eréischt nom Starten aschalten.

No e puer Meter eng Bremsprouf maachen, fir d'Gefill vun der Stroosselag ze kréien. Säitestroossen evitéieren, déi oft guer net gestreet oder geraumt ginn.

Duerch Erfahrung weess den ACL, datt sech d'Stroossen duerch Temperaturschwankungen ëm de Gefréierpunkt schnell verännere kënnen. Duerch d'Ofwieselung tëscht Tauen a Fréieren ännere sech d'Stroossekonditioune stänneg. D'Äisbeilag ass bei 0°C méi glat, wéi bei staarkem Frost, well sech en zousätzleche Wasserfilm bilde kann.

Brécke kënnen dobäi immens geféierlech ginn, well si vun uewen an ënnen gekillt ginn. Virun allem kann sech de Niwwel als Äis nidderschloen an d'Brécken a Stroossen a Rutschbunnen verwandelen.

Fir d'Autofuerer besser auszestatten, bitt den ACL ee gratis Zerwiss un, fir d'Wierksamkeet vum Frostschutzmëttel z'iwwerpréifen. Dobäi gëtt getest, bis zu wéi engem Kältegrad de Frostschutz wierksam ass.

Den ACL-Diagnostic Center befënnt sech am Haaptgebai vum Automobil-Club op der 54, route de Longwy zu Bartreng an ass Méindes bis Freides vun 8.30 bis 18.00 Auer op. Fir sech fir d'Frostschutzmëttel-Iwwerpréifung unzemellen, d'Telefonsnummer 45 00 45 – 236 uruffen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top