> Schluss mam Steierparadäis Lëtzebuerg
Jeudi, 12 Août 2010 00:00

Schluss mam Steierparadäis Lëtzebuerg

Wann de Verdacht op Steierhannerzéiung besteet, kënnen d'Länner an Zukunft Informatiounen iwwer de Gehalt, Liewensversécherungen oder Renten vun aneren EU-Länner ufroen.

D'EU-Finanzministeren hunn um Dënschdeg enger Richtlinn iwwer dëst Zesummenaarbecht zougestëmmt. Och de Lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden war mat den neie Virgaben, déi ab 2013 gëlle sollen, averstanen an huet domadder de laangzäitege Widderstand

opginn.

Duerch déi nei Vereinbarung sollen d'Autoritéite préife kënnen, wat déi betraffe Persounen de Staate wierklech schëlleg sinn. De Frieden huet awer betount, datt Bankendaten net gezillt opgeruff ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top