> UN-Klimaschutzkonferenz an Entscheedungsphase
Jeudi, 12 Août 2010 00:00

UN-Klimaschutzkonferenz an Entscheedungsphase

Den UN-Generalsekretär Ban Ki Moon verlaangt en 'Duerchbroch' beim Klimaschutz. 'Mir musse virukommen', sou de Ban. D'Moossnam déi bis elo geholl goufe wieren net genuch. Et géif drëms goen, fir 'd'Mënschen an de ganze Planéit virun engem onkontrolléierte Klimawandel ze schützen'.

D'Leaderin vum UN-Klimasekretariat, Christiana Figueres, huet déi 190 bedeelegt Staaten opgefuerdert, hir national Interêten an den Hannergrond ze

stellen. D'Tatsaach wier, datt déi vun Iwwerschwemmunge menacéiert Inselstaaten schon d'Rettung vun hire gesamte Bevëlkerunge virbereeden. Et misst ee beweisen, datt 'd'Weltregierungen wierklech zu enger Solutioun bereet stinn'.

D'UN-Klimaschutzkonferenz huet bis elo wéineg Resultater ginn. Positiv ass awer, datt China sech zu enger internationalen Iwwerpréifung vu senge nationale Klimaschutzefforten bereet erklärt huet. Dem däitschen Ëmweltminister Röttgen no besteet awer e Risiko, datt d'Konferenz scheitert. Hien huet d'Gespréicher als 'schwiereg' bezeechent.

Dausende vu Mënschen, dorënner vill Baueren aus Mexiko an anere latäinamerikanesche Staaten hunn an engem Protestmarsch zu Cancun gréisser Ustrengungen fir d'Reduzéierung vun CO2-Emissiounen gefuerdert. Déi gréisst Industrienatiounen solle se ëm 50% reduzéieren. D'Länner solle sech och un de Kyoto-Protokoll halen, deen awer ënner anerem vu Kanada a vu Japan a Fro gestallt gëtt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top