> Fransousin souz wéinst Wëllschwäifamill véier Stonnen an engem Bam
Jeudi, 12 Août 2010 00:00

Fransousin souz wéinst Wëllschwäifamill véier Stonnen an engem Bam

Fir eng 30-järeg Fra ass e Spadséiergank an de franséische Pyrenäen zu enger richteger Aventure ginn. D'Fra huet eng Wëllschwäifamill gesinn, an ass doropshin erschreckt an e Bam geklotert. Do souz si véier Stonne laang.

Beim Versich, vun der Rettungsplaz erofzekommen, ass si zwee Meter gefall an ass och nach mat Ongléck op engem Aascht hänkebliwwen. Si huet missen d'Rettungskräfter mam Handy uruffen, dee glécklecherweis mat engem Satellitte-System ausgestatt war. E

Rettungshelikopter ass si direkt siche komm.

Dobäi kënnt, datt hir Mamm och mam Helikopter an d'Spidol huet misse bruecht ginn, well si sech an de Stroosseschung op d'Sich no hirer Duechter gemaach huet a sech dobäi de Knéi verstaucht huet.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top