> Den Andy ass Nummer 1! (+Sportgala Video)
Mardi, 12 Octobre 2010 00:00

Den Andy ass Nummer 1! (+Sportgala Video)

D'Gala vun der Sportpress zeechent déi bescht Athleten an Equipen am Land aus. Et waren zéng Kandidate fir den Titel nominéiert.

Den Andy Schleck huet déi éischt Plaz kritt. Säi Brudder, de Frank, ass Zweete ginn. De villverspriechendste Sportler ass de Bob Jungels (18), deen am August de Junior Championnat an Italien gewonnen huet.

Den Triathlon Champion Dirk Bockel ass 4. ginn, hannert dem Schwëmmer Lauren Carnol. Hien huet zouginn, datt de Concours schwéier ass, zemools well hie

géint Weltchampionen wéi d'Bridder Schleck bewäert ginn ass. Hie sot, hie géif nächst Joer gäre Plaz 3 kréien.

D'Kompetitioun war och fir déi véier Fraen haart, déi och ëm de prestigiéisen Titel gekämpft hunn. D'Tennis-Star Mandy Minella war vu ville Leit ënnerstëtzt ginn, mä d'Judo Championne Marie Muller huet den Titel vun der beschter Sportlerin kritt.

D'Marie Muller, wien am Welt-Ranking déi 11. Plaz huet, konnt de Präis net siche kommen, well hatt zu Tokio fir den nächste groussen Tournoi trainéiert. Säi Papp, de Charles Muller, huet de Präis a senger Stell akzeptéiert. Hien huet zu News352 gesot: 'Ech sinn immens stolz op d'Marie. Dëst ass e richteg schéine Moment fir hatt. Mä et ass net just de Moment. Dëst bestätegt wierklech den Effort, deen hatt an de Sport investéiert huet'.

D'Mandy Minella, déi Nummer 130 weltwäit ass, huet déi zweet Plaz kritt. Hatt sot, hatt géif nächst Joer u sengem Welt-Ranking schaffen an déi Top-100 erreechen. 'Ech sinn net vum Resultat iwwerrascht. D'Marie hat eng richteg gutt Saison an hatt huet et verdéngt. Vläicht gëtt nächst Joer mäi Joer', sou d'Mandy.

D'Schwëmmerin Sarah Rolko (17) huet de Präis fir villverspriechendst Sportlerin kritt.

Déi bescht Equipe ass d'Handball-Equipe HB Esch Herren. Spiller Sasha Pulli sot: 'Mir sinn immens frou, dëse Präis ze kréien, well mir e Sport spillen, deen zu Lëtzebuerg net oft als wichteg betruecht gëtt. Et ass gutt, datt mir op dëser Art a Weis Unerkennung kréien'.

D'Bridder Schleck sinn net op d'Gala zu Mondorf-les-Bains komm, well si mat hirer neier Luxembourg Pro Cycling Equipe an der Schwäiz trainéieren. Si hunn awer e Video-Message geschéckt, fir hire Fans ze bedanken. Mëttlerweil huet hire Papp, de Johny Schleck, d'Trophäe fir den Andy akzeptéiert. D'Bridder wäerten um 12. Dezember erëm zu Lëtzebuerg sinn fir Chrëschtdag ze feieren.

Et gëtt spekuléiert, datt vill vun de Sportler, déi op der Gala genannt goufen, Lëtzebuerg an den Olympesche Spiller representéiere wäerten. Dorënner befanne sech d'Marie Muller, d'Mandy Minella, an d'Bridder Schleck.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top