> Obama annoncéiert neie Konjunkturprogramm
Vendredi, 09 Juillet 2010 00:00

Obama annoncéiert neie Konjunkturprogramm

Den US-President Barack Obama huet e traditionelle Labor-Say, den Dag vun der Aarbecht als Signal zum Ugrëff genotzt. E Méinden huet hien en 50-Milliarden-Dollar-Infrastrukturprogramm ugekënnegt, fir sou d'US-Konjunktur unzekuerbelen. Donieft huet hien der Oppositioun den Usproch op eng politesch Féierung oferkannt. D'Republikaner wiere fir den Ausbroch vun der Finanzkris 2008 responsabel.

De Konjunkturprogramm géif net nëmmen nei Aarbechtsplaze schafen, ma och d'Stroossennetz, d'Eisebunnslinnen an d'Flughäfe moderniséieren.

Déi al amerikanesch Infrastruktur misst elo endlech erneiert ginn. “Ech wëll dass Amerika déi beschten Infrastruktur op der Welt huet”, sou den Obama. 240.000 Kilometer Strooss soll erneiert ginn, sou seng Erklärung. “Genuch fir d'Äerd sech Mol ze ëmronnen.” 6.400 Kilometer Schinne solle verluegt ginn an d'Flughäfen a Flugkontrollsystemer moderniséiert ginn.

Dem Obama seng Ukënnegung gelt als den Optakt zum Wahlkampf fir déi wichtegst Kongresswahlen am November. D'Wirtschaft, ma virun allem den dauerhaft héije Chômage vun 9,6 % zeechne sech elo schonn als kloeren Haaptsujet vun dësem Wahlkampf of. “Mir kënnen eis Mëttelklass stäerken an d'Wirtschaft erëm op d'Been stellen”, huet den Obama versprach. D'Republikaner geheien dem US-President vir, seng Politik vun der staatlecher Konjunkturukuerbelung géif net fonktionéieren a wier eng Verschwendung vu Steiermilliarden. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top