> Deviatioun a Policekontrollen zu Schëffleng
Lundi, 09 Août 2010 00:00

Deviatioun a Policekontrollen zu Schëffleng

Fir d'Automobilisten, déi aus Richtung Esch/Uelzecht kommen ass ab dem 2. September eng Deviatioun ageriicht ginn a féiert duerch d'Rue de Lallange a Richtung Rue d'Esch. Ma genee do ass eng Barrière,e  Grond fir vill gestressten Automobilisten duerch d'Avenue de la Résistance ze fueren.

D'Police mécht an deem Kontext drop opmierksam, dass sech an der Rue de la Résistance eng Schoul an deemno och Zone 30 befënnt. Eng Tatsaach, dat vill Automobilisten net ze stéiere schéngt, vill Fuerer géife sech

nämlech net un d'Vitesselimitatioun vun 30 Stonnekilometer halen.

D'Police huet dofir elo ugekënnegt deem Spill net méi nozekucken. Fir seng Kanner an och sämtlech aner Foussgänger an der Rue de la Résistance ze schützen, sollen a nächster Zäit verschäerft Kontrollen duerchgefouert ginn. Et heescht deemno de Fouss vum Gas ze huelen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top