> Buerer am Chile elo op 268 Meter
Jeudi, 09 Septembre 2010 00:00

Buerer am Chile elo op 268 Meter

D'Buermaschinn “T-130” huet alleng an de vergaangenen 24 Stonnen e Fortschrëtt vun 150 Meter gemaach, sou den Asazleeder vun de Rettungsbuerungen, Andres Sougarret. D'Biergleit sëtzen zanter iwwer engem Mount an enger Déift vun 700 Meter an der Koffer- a Goldminn zu Copiago fest.

Den zanter e Sonnden agesate Buerer iwwerhëlt mëttlerweil  déi, fir d'éischt an de Betrib geholle Buermaschinn “Strata 950”, déi bis ewell bis an eng Déift vun 141 Meter gebuert hat. Den “T-130” ass awer

eréischt op senger éischter Etapp, sou de Sougarret, deen domat och d'Hoffnung op eng séier Rettung vun de Kumpel bremst.

De Buerer soll an engem éischten Duerchgank e scho bestoende Versuergungstunnel bis an eng Déift vun 630 Meter, vun den Ament 12 Zentimeter Duerchmiesser, op 30 Zentimeter erweideren. An engem zweete Schratt soll de Buerer den Tunnel da bis op 70 Zentimeter erweideren.D'Befreiung vun de Biergleit ka sech, no Aschätzungen vun de Rettungséquipen, bis Dezember hinzéien. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top