> Juncker: Zesummenhalt an der Eurozon a Gefor
Jeudi, 09 Septembre 2010 00:00

Juncker: Zesummenhalt an der Eurozon a Gefor

Déi ongläich Konkurrenzfäegkeet vun den Euro-Vollekswirtschafte wier en zentrale Problem, sou de Virsëtzende vun der Euro-Grupp a lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. “Mir hunn d'Problemer vun der Competivitéit ënnerschätzt an dat bréngt den Zesummenhalt an der Eurozon a Gefor. Mir musse sécherstellen, dass intern Ongläichgewiichter, net bestoend strukturell Problemer verschäerfen”, verlaangt de Juncker bei enger Pressekonferenz e Mëttwoch zu Lëtzebuerg.

Den Yves Mersch, Chef vun

der europäescher Zentralbank EZB, huet d'Ënnerscheeder bei der Competivitéit an den Euro-Länner als Stabilitéitsrisiko fir d'Eurozon bezeechent. D'Finanzkris hätt gewisen, dass d'Opsiichtsämter versot hätten. Hien ass dann och fir verstäerkten Haushaltskontrollen am Euroraum, deemno sollten d'Haushaltspolitiken vun den Euro-Länner méi staark iwwerwaacht ginn. Senger Aschätzungen no, bréngt d'Zuelungsonfäegkeet vun engem Staat am Euroraum de Bestand vum gemeinsame Währungsraum a Gefor.

De Jean-Claude Juncker an den Yves Mersch, hunn alle béid drop gedrängt, dass de Grupp vun den 16  Euro-Staaten dru schaffe soll, d'Ongläichgewiichter ze verréngeren. Dëst soll hirer Opfaassung no, zum Schwéierpunkt bei der géigesäiteger Iwwerwaachung um Niveau vum Europakt ginn.

Den Ament gëtt bannent der Eurozon iwwert e neie Mechanisem nogeduecht, fir d'Anhale vun den, am europeäsche Stabilitéts- a Wuesstemspakt virgeschriwwen Haushaltsregele méi staark ze kontrolléieren. E puer Euro-Länner, dorënner Griicheland, hätten an de vergaangene Joere ronn 25 Prozent vun hirer Competivitéit missen abéissen, sou de Juncker. Fir d'Ongläichgewiichter bannent dem Währungsraum ze reduzéieren, sollte Länner, deenen hir Konkurrenzfäegkeet ze séier zeréckfält, deemno public gemaach ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top