> Nancy Wolff gëtt bei “Aktenzeichen XY... ungelöst“ opgeruff
Jeudi, 09 Septembre 2010 00:00

Nancy Wolff gëtt bei “Aktenzeichen XY... ungelöst“ opgeruff

Dësen Entschloss ass gefaasst ginn, nodeems d'Police op hirer Sich nom vermëssten Nancy Wolff méi oder manner an enger Sakgaass gelant ass. De Vic Reuter, Porte-parole vun der lëtzebuerger Police, huet am Gespréich mat news352.lu erkläert: “Mir wësse net, ob e Crime virläit oder ob d'Nancy einfach nëmme fortgelaf ass. Bis ewell sinn e puer Hiwäiser aus Däitschland agaang, dowéinst gi mir dëser Spuer no.”

En Opruff an der däitscher Fernsehsendung “Aktenzeichen XY...

ungelöst” soll elo de néidege Fortschrëtt am Fall bréngen. De Fall soll am Laf vun dësem Mount um ZDF ausgestrahlt ginn. D'Nancy Wolff ass fir d'lescht den 30. Abrëll géint 23.00 Auer zu Ettelbréck op engem Parking gesi ginn. Duerno si nach Hiwäiser gemellt ginn, déi vermësste Fra wier an enger Wunneng an der Rue de Herr, den 1. Mee an dann am Juli zu Bitburg an Däitschland gesi ginn.

D'Nancy Wolff ass eng vun insgesamt 142 vermësste Persounen am Grand-Duché. E puer Vermësstefäll wieren dann och scho méi wéi 40 Joer al. “Mir hunn e puer Laangzäitfäll, déi mat zum Deel kulturell gemëschte Koppelen ze dinn huet, bei deenen een Elterendeel dat gemeinsamt Kand an d'Heemechtsland matgeholl huet. Den Elterendeel zu Lëtzebuerg riicht sech dann un eis. Zivilrechtlech gesinn ass et illegal, ma et ass awer nach kee Verbriechen, well an de meeschte Fäll, de Kanner näischt geschitt”.

Sämtlech Hiwäiser zum Openthaltsuert oder dem Verschwanne vum 26-jäeregen Nancy Wolff si bei der Police vun Dikrech, ënnert der Nummer 2448-800 oder der CIP-SI um Nummer 49978-500 ze mellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top