> D'lëtzebuerger Gesondheet am Viséier
Samedi, 09 Octobre 2010 00:00

D'lëtzebuerger Gesondheet am Viséier

Op senger Pressekonferenz huet de lëtzebuerger Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo d'Berichter iwwert perinatal Gesondheet,de flächendeckenden Impfschutz, sou wéi d'Stierflechkeet am Grand-Duché presentéiert.

D'Daten an dësen dräi Gesondheetsberäicher sinn iwwert en Zäitraum vun 2003 bis 2010 gesammelt an ausgewäert ginn. D'Étude soll dem Gesondheetsministère bei der Analys an der Sich no beschtméigleche Reaktiounen op bestëmmte Krankheeten hëllefen. De Mars di Bartolomeo huet

erkläert, dass d'Date kengesweegs al sinn, si géife vill méi erméigleche Modeller fir d'Zukunft ze entwéckelen oder bestoend Modeller weider ze spezialiséieren.

D'Zesummenaarbecht mat aneren nationalen an internationale Kompetenzzentren wier awer weiderhin en Eckpfeiler vum System. E weidere Virdeel wier och nach de Verglach mam Ausland. Zu Lëtzebuerg schafft de Ministère ënner anerem mat der CRP-SAnté, verschiddenen Dokteren an och Maternitéen zesummen.

Haaptzil vun der Étude ass et deemno, d'Gesondheet vun der lëtzebuerger Bevëlkerung méi genee ënnert d'Lupp ze huelen an d'Méiglechkeet dës op Dauer ze verbesseren. D'Berichter bréngen donieft awer och nach Informatiounen, zum Beispill, dass d'Kannerstierflechkeet zu Lëtzebuerg erofgaang ass. Iwwerdeems an den 70er Joeren nach en héijen Taux am Verglach zu Europa. Mëttlerweil läit den aktuellen Taux bei 3,86 Kanner op eendausend Gebuerten, eng Zuel, déi am EU-Verglach am nidderegsten ass. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top