> Jugendlech Sprëtztour ouni Führerschäin
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Jugendlech Sprëtztour ouni Führerschäin

Wéi d'Police matgedeelt huet, war hinne géint 01.00 Auer an der Nuecht op Samschden, en Citroën Picasso um Parking vum Kierfecht zu Uewerkuer opgefall. Bei der Kontroll hunn d'Beamte festgestallt, dass dräi Jugendlecher am Auto Plaz geholl haten, ma kee vun hinnen hat e Füherschäin.

De jonke Chauffer vun 19 Joer hat nach probéiert ofzestreiden, kee Führerschäin ze besëtzen, eng Iwwerpréiwung vun de Personalie sollt sech awer rausstellen, dass de jonke Mann nach iwwerhaapt kee Führerschäi gemaach huet. Ma

de Jugendlechen huet net nëmme sech a Gefor bruecht, och de Bäichauffer, 17 Joer an e klengt Meedche vu grad mol nëmmen 12 Joer, hate scheinbar kee schlecht Gewëssen, ouni Weideres am Auto matzefueren.

De Chauffer hat, wéi sech spéider rausgestallt huet, senger Mamm den Autosschlëssel aus der Posch geklaut. Si war Doheem an huet geschlof a vum ganze Szenario näischt matkritt. Mat senge Kollegen huet hien dann eng kleng Sprëtztour gemaach, ier si vun der Police gestoppt gi sinn. Bei de weideren Ermëttlungen sollt dann och nach un d'Liicht kommen, dass och de 17-Jäeregen sech hannert d'Steier gesat hat.

De Parquet générale huet eng genee Ënnersichung ugefuerdert. Op der Plaz war de Centre d'Intervention vun Déifferdeng. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top