> Tank eidel – geklaute Porsche no Flucht beschlagnahmt
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Tank eidel – geklaute Porsche no Flucht beschlagnahmt

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass enger Patrull vergaangene Samschde géint 16.15 Auer, e Porsche opgefall, dee mat quiitschende Pneue fortgerannt ass. De Chauffer vum Porsche Cayenne mat lëtzebuerger Placken hat, direkt nodeems hien d'Beamte gesinn huet, eng 180° Kéier gemaach fir ze flüchten. Dobäi ass et zu engem Accident mat engem Liwwerwon komm.

D'Policepatrull huet net laang gezéckt a sech direkt hannert de Porsche gehaang, fir en ze verfollegen. Et huet sech erausgestallt, dass et sech beim Porsche ëm en, den 1.09.2010

als geklaut gemellte Gefier handelt.

De Chauffer vum Cayenne war sech duerchaus iwwert d'Schnellegkeet vu sengem Gefier bewosst an huet ouni Récksiicht iwwert d'Géigespur iwwerholl. Dobäi huet hien net nëmme sech, ma och sämtlech aner Verkéiersmemberen immens a Gefor gesat. Iwwerdeems ass d'Policezentral iwwert d'Poursuite informéiert ginn an déi franséisch Autoritéite sinn a Kenntnis gesat ginn iwwert de Virfall.

De Porsche huet seng Flucht a Richtung Frankräich fortgesat. Déi franséisch Police huet de Fluchtauto dann och kuerz Zäit méi spéit an engem Rondpoint an der Géigend vu Longlaville erëmfonnt. Vum Täter huet do awer scho sämtlech Spuer gefeelt, hie war ze Fouss weidergeflücht.

D'Ermëttlungen hu spéider erginn, dass den Täter héchstwahrscheinlech fir ze tanken op Lëtzebuerg zeréckkomm. Dëst war och de Grond, fir wat hien de geklaute Porsche Cayenne huet missen am Stach loossen. Den Tank war eidel.

De Fall wäert vun der lëtzebuergescher, sou wéi der franséischer Police weider ënnersicht ginn. Am Asaz war de Centre d'Intervention vun Déifferdeng. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top