> Vuelta: Fränk Schleck elo op véierter Plaz
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Vuelta: Fränk Schleck elo op véierter Plaz

Bei der 17. Etapp vun der Vuelta a Spuenien hat de Fränk Schleck bei den Eenzelzäitfueren vu Peñafiel  op Peñafiel kee ganz gudden Dag. Schonn am Virfeld hat sech de Lëtzebuerger iwwer Péng an der Schëller beklot. Zum Schluss huet de Saxo-Bank-Profi déi 46 Kilometer laang Streck an 56 Minutten an 38 Sekonnen zeréckgeluegt a kënnt domat op d'Plaz 51.

Gewonnen huet de Slowake Peter Veltis vum HTC-Columbia-Team. Hien huet ganzer 3 Minutten an 55 Sekonne Virsprong virum Fränk Schleck.

De

Lëtzebuerger selwer läit elo als Véierten an de Gesamtwäertung 3 Minutten an 44 Sekonnen hannert dem neie Leader Vincenzo Nibali vum Team Liquigas. Den Italiener war e Mëttwoch 2 Minutten an eng Sekonn méi séier wéi de Fränk Schleck. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top