> Nach ëmmer keng Spur vum Nancy Wolff
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Nach ëmmer keng Spur vum Nancy Wolff

D'Hoffnunge ware grouss, vläicht och ze grouss. Nodeems de Succès och am Hibléck op eng Belounung vun der Famill ausbliwwe war, sollt de Fall vum vermësste Nancy Wolff och nom Ausstrahlen an der ZDF-Sendung “Aktenzeichen XY unfgelöst” keng nei Hiwäiser bréngen. D'Ermëttler mussen deemno op eege Fauscht weider no der richteger Spur sichen.

Den Donnéeë vum Parquet Dikrech no, huet sech och nëmmen een Uruffer no der Sendung gemellt. Dësen eenzegen Hiwäiser hätt no geneeër

Ënnersichung awer net gehollef. D'Ermëttler ginn dann och mëttlerweil dovun aus, dass d'Nancy Wolff Affer vun engem Gewaltverbriechen ginn ass.

Dat 26-jäeregt Nancy Wolff vun Ettelbréck gëtt zanter dem 1. Mee 2010 vermësst. Déi jonk Fra, déi verzweiwelt vun hirer Famill gesicht gëtt, ass fir d'lescht den 30. Abrëll géint 23.00 Auer op engem Parking an der Ettelbrécker Avenue Salentiny gesi ginn, wou hatt an e schwaarze Mercedes erageklommen ass.

D'Famill hat fir sämtlech Hiwäiser déi zur Opklärung bäigedroen hätten, eng Belounung an der Héicht vun 5.000 Euro ausgesat. Natierlech freet d'Police nach ëmmer no Hëllef aus der Bevëlkerung. Sämtlech Informatiounen zum Fall “Nancy Wolff” sinn der Police Dikrech um Nummer +352 499 78 500 ze mellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top