> Finanzplaz Lëtzebuerg fält op Plaz 20
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Finanzplaz Lëtzebuerg fält op Plaz 20

Insgesamt si weltwäit 75 Finanzzentren beim “Global Finance Centre Index”  ënnert d'Lupp geholl ginn Op der éischter Plaz fënnt ee London, direkt hannendru kënnt New York an op drëtter Plaz HongKong.

An d'Étude fléisse Aspekter wéi d'Geschäftsëmfeld, den Zougang zu de Mäert, d'Haltung vun der jeeweileger Regierung géigeniwwer vun de Finanzmäert, d'Fiskalpolitik, sou wéi d'Infrastruktur mat an. D'Verfasser beruffe sech heibäi op d'Donnéeën aus de verschiddene

Finanzzentren.

De Grand-Duché ass bannent engem Zäitraum vu sechs Méint zou Plazen ofgerutscht a läit deemno elo um Niveau 20. Domat léisst Lëtzebuerg Paräis of, dat elo op déi 18.Plaz klëmmt. Ma och am europäesche Verglach muss Lëtzebuerg vun der Fënnefter op déi sechste Plaz Abéissungen a Kaf huelen. London huet och hei erëm d'Nues vir, op zweeter Plaz kënnt Zürich, da Frankfurt a Paräis. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top