> Cactus-Abréch gi weider
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Cactus-Abréch gi weider

Cactus Hobby um Houwald geplëmmt

Wéi d'Police matgedeelt huet, waren an der Nuecht vum 19. op den 20. September Onbekannter duerch eng Dier, op de Récksäit vum Cactus Hobby um Houwald, agebrach. Si hu sech am Gebai am Multimediaberäich ausgetobt an einfach zerwéiert.

Och d'Sich no weidere Spuren, mat Hëllef vu Police-Helikopteren a Sichhënn an de fréie Moiesstonn, sollt ouni Succès bleiwen. Den SREC an de Centre d'Intervention ermëttelen am Fall.

Hifi am Cactus

Angelduerf ausgeraumt

Géint 00.40 Auer, an der Nuecht op en Dënschden, ass et dann op e neitst zu engem Abroch op e Cactus komm. Dës Kéier hunn onbekannten Täter, mat engem Briecheisen eng Dier opgebrach an den Alarm ausgeléist. Si hu sech direkt duerch d'Bascht gemaach, ma op eppes geklaut ginn ass, ass net gewosst. De Centre d'Intervention ermëttelt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top