> Mini verursaacht Maxi Accidenter
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Mini verursaacht Maxi Accidenter

Wéi d'Police matgedeelt huet, si géint 13.40 Auer zu Hesper, eng ganz Serie vun Accidenter geschitt. Op der Héicht vun der Parkierch, ass et deemno zu engem éischten Tëschefall komm. De Chauffer vun engem Mini war an en zweet Gefier geknuppt, ass erausgeklomm, huet nogekuckt wat geschitt ass an ass kuerzerhand erëm weidergefuer. Dass dat anert Gefier nom Accident net méi amstand war weiderzefueren, ass dem Mini-Fuerer entweder net opgefall oder hien huet et ganz einfach ignoréiert an ass geflücht.

Nëmme kuerz

Zäit méi spéit ass et dann zu engem zweeten Accident an der Avenue de la Gare komm. Wéi sech erausgestallt huet, hat de schëllege Chauffer vum éischten Accident och do seng Fangeren, respektiv d'Steierrad, am Spill. Ouni erkennbare Grond ass de Mini-Chauffer engem Camion hannendra gerannt. De Fuerer, dee geeschtlech duerchernee gewierkt huet, ass direkt fir eng Ënnersichung an d'Spidol bruecht ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top