> Chômage am August geklommen
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Chômage am August geklommen

D'Chômagezuelen zu Lëtzebuerg sinn am Mount August erëm an d'Luucht gaang. Dëst huet de Konjunkturkomitee e Mëttwochmoien matgedeelt. Deemno waren am August 13.787 Mënschen am Grand-Duché ouni Aarbecht, ëmmerhin 148 méi wéi am Juli 2010.

De neien Taux entsprécht enger Hausse vun 5,7 op 5,8 Prozent. Am selwechten Zäitraum am vergaangene Joer waren 12.910 Mënschen zu Lëtzebuerg am Chômage gemellt, dat si ganzer 877 Persoune manner wéi August 2010.

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top