> OBL-Demonstratioun ginn an eng weider Ronn
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

OBL-Demonstratioun ginn an eng weider Ronn

Den OGBL ass och weiderhi kategoresch géint d'Mesurë vun der lëtzebuerger Regierung, fir den Equiliber vum Staatsbudget hierzestellen. Alleng am Oktober hunn d'Gewerkschafte ganzer véier Manifestatiounen ugekënnegt, fir sech géint de Spuerprogramm zur Wier ze setzen.

De Comité nationale ass dann och e Mëttwoch zu Esch/Uelzecht zesummekomm. Den OGBL huet ausgesot, dass am Hibléck op d'Verbesserung vun der wirtschaftlecher Situatioun, de Spuerpak vun der Regierung, net méi néideg wier. “An dofir soll en

och net an der Chambre des députés votéiert ginn”, huet de President vum OGBL, Jean-Claude Reding, op hirer Versammlung betount.

Fir hirer Roserei Ausdrock ze verleeden, ass hien prett erëm op d'Strooss ze goen. An deem Kontext sinn erëm véier regional Demonstratiounen am Oktober geplangt, dovun dräi am Süden an eng  am Norde vum Land (den 12. Oktober zu Déifferdeng, den 19. Oktober am Norden, den 21. Oktober zu Diddeleng an den 27. Oktober zu Esch/Uelzecht).

Nach emol notzt den OGBL, och wann d'Initiative vun hinnen ausgeet, d'Geleeënheet, och aner Gewerkschaften zu de groussen Demoen opzeruffen, an hir Ënnerstëtzung ubidden. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top