> Luxair och vum Streik a Frankräich betraff
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Luxair och vum Streik a Frankräich betraff

Déi franséisch Fluglotsen sinn zanter dem 22. September an de Streik getrueden. Och wann et nach keng genee Donnéeë ginn, huet d'Luxair Airline matgedeelt, dass och de lëtzebuerger Flugplang kéint vun dësem Streik matbetraff sinn.

Deemno kéinten d'Luxair Flich a Richtung Frankräich an och an déi méi südlech geleeën Zilregiounen (Spuenien, Portugal, Tunesien a Marokko) vu schwéiere Verspéidungen an Annulatioune betraff.

D'Luxair Luxembourg Airlines freet dowéinst

och sämtlech Passagéier, sech op hirem Site www.luxair.lu ënnert der Rubrik Départ / Arrivée, iwwert de Niveau vun hirem Flug ze informéieren, ier Si sech op de Wee zum Flughafe maachen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top