> Sinn är Pneuen a Luuchten an der Rei?
Dimanche, 10 Janvier 2010 00:00

Sinn är Pneuen a Luuchten an der Rei?

D'Police huet matgedeelt, dass, wéi all Joer am Oktober a November, déi präventiv Phase vun de Pneuen- a Luuchtekontrollen op eise Stroossen ufänken. Si wäerten deemno verschäerft Kontrollen op eise Stroossen duerchféieren. Besonnesch an der Zäit wou d'Joereszäit méi kal, niwweleg a naass ass, mat der Konsequenz vu schmierege Stroossen, si gutt Pneuen a Luuchte liewenswichteg.

D'Aktioun ass bis November präventiv, dat heescht, wann d'Pneuen oder d'Luuchten net an der Rei sinn, kritt de Chauffer eng Convocatioun. An

anere Wierder hien huet, laut dem Code de la Route, dräi Deeg Zäit de Feeler ze behiewen. Falls dëst net de Fall ass, kann de Chauffer mat engem Avertissement taxé oder engem Procès verbal bestrooft ginn.

D'Police betount dann och, dass Si duerchaus an der Lag sinn e Gefier ze immobiliséieren, falls déi technesch Mängel ze schlëmm wieren an eng Gefor fir den ëffentleche Stroosseverkéier duerstellen. De Chauffer kann an deem Fall mat engem Avertissement taxé vun 27 bis 74 Euro wat d'Luuchte betrëfft an 24 bis 145 bei schlechte Pneue bestrooft ginn. Donieft verléiert ee bis zu zwee Punkten um Führerschäin.

An der Regel gëtt ee net méi kontrolléiert, wann een eng Vignette an der Fënster huet, déi beweist, dass den Auto schonn duerch en Check gaang ass. De lëtzebuerger ACL a vill aner Autosgaragen, wéi och de Autocenter Goedert bidde gratis Kontrollen un. Am beschte sollt ee sech also sou fréi wéi méiglech seng Vignette an d'Fënster pechen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top