> Weltwäit Réckruffaktioun bei BMW
Dimanche, 10 Janvier 2010 00:00

Weltwäit Réckruffaktioun bei BMW

Betraff wieren 345.000 Autoe vu BMW selwer an 5800 Ween vun der Luxus-Mark Roll-Royce, déi och dem Konzern ugehéieren, sou e BMW-Spriecher beim Autosalon zu Paräis. Bei den Autoe besteet d'Gefor , dass sech d'Bremsen no laangem Fuere méi schwéier drécke loossen. Bei BMW kéint dde Problem bei de Modeller vun der Serie 3er, 6er an 7er optrieden.

De Réckruff ass op fräiwëlleg Basis, betount de Spriecher. Et wier awer keen Accident am Zesummenhang mam Problem bekannt. Am stäerkste wier och wahrscheinlech den

US-Maart betraff, wou et zu enger Beanträchtegung vun 198.000 Gefierer komme kéint. Ma och an Europa an anere Regioune kéinte Problemer opdauchen, heescht et weider bei BMW. Konkret Zuele si bis elo nach net bekannt. BMW huet alleng am vergaangene Joer ronn 7,07 Milliounen Autoen hiergestallt, Rolls-Royce waren et 1002 weltwäit. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top