> Brutalen Iwwerfall bei rouder Luucht
Samedi, 10 Avril 2010 00:00

Brutalen Iwwerfall bei rouder Luucht

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et e Sonnde géint 5.50 Auer, op der Kräizung Boulevard Jospeh 2 an Avenue Emile Reuter zu engem Iwwerfall komm. Eng Fra war um Boulvard Jospeh 2 ënnerwee an ass bei der rouder Luucht stoe bliwwen. Nieft hir stoung en zweeten Auto.

De Mann, deen op der Réckbänk Plaz geholl hat, ass aus dem Auto geklommen an ass op den Auto vum Affer duergaang, huet d'Beifuerersdier opgerappt an huet ugefaang den Auto ze duerchwullen. Him ass et awer net gelong d'Posch, déi ënnert dem Sëtz loung, ze fannen.



D'Fra huet sech iwwerdeems zur Wiehr gesat, a probéiert de Mann mat gezielte Schléi mam Präbbeli ze verdreiwen. De Mann huet hir doropshin e Fousstrëtt op d'Broscht ginn, fir sech duerno direkt duerch d'Bascht ze maachen an am Gefier ze flüchten. D'Fra huet sech nom Iwwerfall sécherheetshalber am Spidol ënnersiche gelooss.

Beschreiwung:

De Mann ass wahrscheinlech nordafrikanescher Hierkonft, huet franséischt geschwat a war 1,70 Meter grouss. Seng Statur war éischter gouereg, hie gëtt op 25 Joer geschat, hat kuerz däischter Hoer an en däischteren Teint.

De Centre d'Intervention vun der Stad Lëtzebuerg ermëttelt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top